Ronald Oestreicher
Sécherheet
Als laangjäregen Chef-Kommissär bei der Police, kann ech novollzéien, dat de Bierger en Gefill vun Onsécherheet huet. Dat d’Leit sech Owes net méi vir un Dir trauen; dat se d’Garen meiden an scho guer net eleng duerch en Park gi.
Duerfir setzen ech mech an, dat an der Stat Lëtzebuerg Quartiers-Kommissariater rëm lancéiert gi an dat iwwer Land déi kleng Kommissariater rëm reaktivéiert gi. Den Bierger soll rëm en Gefill vun Sécherheet kréien, an Respekt virun der Uniform.
Déi, déi sech net un d’Reegelen halen, sollen dann och sanktionéiert gi.
Mir brauchen eng Polizei wou den Chef virun seng Beamten steet an d’Justiz an d’Politik hannert der Police steet an net all klengen Feeltrëtt an d’Ëffentlechkeet dréit. Eng Polizei muss no baussen integer do stoen.
Liewensqualitéit
D’Éislek ass d’Stéifkand vun all den Politiker. Vir déi meescht hält d’Land zu Miersch op. Mir brauchen dringend mat der N7 eng 4-spuereg Nord- Südachs. Eis Dierfer sollen entlaascht gi mat Contournementer. Mir brauchen keng Autobunn vir Vëloen. Mir brauchen anstänneg Stroossen wou en vun A no B kennt, ouni hannert Camionen, Trakteren oder soss Maschinnen ze klunschen.
Den Eisebunnréseau soll vun Ettelbréck un, rëm mat 2 Spuren Richtung Gouvy ausgebaut gi.
Banken, Postschalteren mussen rëm méi no bei d’Bevëlkerung. Et ass net normal dat en eeleren Mënsch sech muss kilometerwäit deplacéieren vir seng Bankgeschäfter ze maachen.