FOKUS op de soziale Medien

Par conter ass d'Politik ganz wuel responsabel, Wäerter ze fërderen, déi d'Gesellschaft zesummenhalen. An se virzeliewen! Do leeft haut villes falsch. An d'Veräiner kämpfen mat de Symptomer. D'@FokusLetzebuerg Fuerderung vun engem biergerlechen Déngscht, kënnt net vun ...néicht. 2/2

Dei eenzeg Persoun, déi an de leschten Joeren ee Mandat zeréck ginn huet un déi "al" Partei (@deigreng ),war den @MajerusLuc ..Dass d'LSAP elo Mandater iwwerhëllt an selwer Mandatsklau an der Causa C.Schweich beklot huet, ass een schlechten Witz..a verstärkt Politikverdrossenheet

Wuelwëssend, datt vill Froen wéinst dem penale Volet nach net beäntwert kënne ginn, ass kloer, datt eng international vernetzte Organisatioun wéi d’Caritas, net sou nonchalant kann opléist ginn&sou onmënschlech verfuer ka ginn. Respekt un d @CarolinRekinga fir säin Témoignage

Poopst, wat bleiwt? Vill Opwand, vill Interessi an eng Ausso déi an der Art a Weis wéi se gesot an agebaut gouf, duerchaus kritesch an zum Nodenken ass: Lëtzebuerg huet een Kannerproblem: et ginn ze weineg (an emmer manner) Gebuerten an ze weineg polit. Incentives dat ze änneren!

Déi eigentlech "Missachtung der Wählerschaft" ass, dass déi grouss Parteien et net fir neideg empfannen gemeinsam (moralesch) Regelen ze definéieren. Et gëtt sech Joer fir Joer an déi eegen Kneien geschoss.

Mir wënschen alle Kanner, dem Léierpersonal an de villen Elteren, déi mat vill Engagement Deel huelen, eng schéi Rentrée.

📚✏️🚌 | FOKUS wënscht all de Schülerinnen a Schüler e schéinen éischte Schouldag an en erfollegräicht Schouljoer 2024-2025!
-
#backtoschool

Fokus fuerdert en scho länger: wat ass är Meenung?
Een obligatoresche biergerlechen Déngscht wärend e puer Méint fir jonk Leit:
- am zivillen oder militäreschem Beräich
- am Austosch mat aneren jonke Leit
- eng praktesch Grondausbildung an wesentlechen Tätegkeeten
- ...Engagement fir d'Gesellschaft an d'Land
- remuneréiert an zertifizéiert
Änlech wei zB an Éisträich, fuerdert Fokus ee breeden Débat iwwert esou een Déngscht; dat ëmsou méi nodeems d'Ministesch Y. Backes sech op RTL Lëtzebuerg kloer fir esou Iwwerleeungen ausgeschwat huet.
Eis Gesellschaft brauch jonk engagéiert Leit.
👇🏻 Eisen Communiqué vum Juli an een Video mat Erklärungen fannt dir an de Comments

Handy, Ipad a Co.🚨
De Här Meisch mecht vill Feststellungen. Mir Froen no Äntwerten an (endlech) Konklusiounen! Dir och? Kann gäeren gedeelt ginn!
Den Artikel vum Här Meisch an de Comments ⬇️

All Parteien deene Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger um Häerz leien musse sech vun den Aussoen de Moien @RTLlu distanzéieren! Verharmlosung vu Nazi-Verbriechen vun AFD-Memberen sinn eng Frechheet fir eis Virfahren. D'AFD un der Muecht eng Onbekannten fir Lëtzebuerger déi an D. liewen!

Wei (mei) riets ass d'ADR zanter der Causa Thein? ADR Kandidat a Member schreiwt "et sollen emol Lénker erstach gin"? D'A.Schooss seet @RTLlu si géif reagéieren wann Saachen gepost ginn, déi net der Parteilinn entspriechen. @TomWeidig @Fred_Keup Post iwwersinn oder ...toleréiert?

Schockmoment! Auch für alle Nachbarstaaten, auch für Luxemburg. Rechtsextreme (wieder) an der Macht. Dort wo Rechtsextremismus seine widerlichste Fratze gezeigt hat werden sie wieder gewählt & gefeiert. Liebe Nachbarn, es muss was passieren! #Sachsenwahl2024 #thueringenwahl2024

❓Wat ass deng Meenung❓
De Glacis erwächt nees zum Liewen. Aus Blech a Bëtons-Wüst gëtt fir puer Wochen ee Volleksfest...är fir vill Méint nees d'Autoen d'Platz anhuelen. Sollt de Glacis net d'ganzt Joer fir Mënsch (a Natur) eng lieweg Platz sinn? D'Fouer misst net... mol plënneren, d'Autoen schonn (z.B ënnerierdesch). Wat denkt dir?
😡 De Glacis sollt néi amenagéiert ginn
👍🏻 D'Platz soll bleiwen wei se ass

Déi ganz Partei a besonnesch déi Memberen, déi de Max Hengel besser kannt hunn, drécken senger Famill a Frënn eist häerzlecht Bäileed aus. Mam Max huet een engagéierte Politiker a léiwe Mënsch vill ze frei missen goen. Vill Kraft all deenen, déi dem Max nostungen. Mir fillen mat 🤍

D'Noricht vum @HengelMax sengem Doud mecht immens traureg. Vill Kraft senger Famill a Frënn. An wous de och bass, däin Laachen, deng Energie an deng Loscht dech fir d'Allgemengheet ze engagéieren, wäerten ech a vill anerer net vergiessen!

De Glacis erwächt nees zum Liewen. Aus Blech a Betons-Wüst gëtt fir puer Wochen ee Volleksfest. Firwat dës Platz net d'ganzt Joer ka fir Mënsch (a Natur) eng lieweg Platz sinn bleiwt een typëscht Lëtzebuerger Rätsel. D'Fouer misst net mol plënneren, d'Autoen schonn! ...#freeGlacis

Transparenz a Kontroll am Emgang mat ëffentlechen Gelder; Ännerungen an der Parteispëtzt; Caritas a villes méi waren d'Themen de Moien op @RTLlu mam @RuppertMarc

- Méi streng Kontrollen a mei Transparenz am Emgang mat ëffentlechen Gelder!
- "Mer wäerte weider schaffen, sachlech a mam néidege Courage, an eng richteg Alternativ duerstelle bei den nächste Walen."
👉🏻 De Marc Ruppert war Invité vun der Redaktioun op RTL ...Lëtzebuerg
Link zum Artikel an den Kommentarer 👇🏻

Back to top button